BishopAccountability.org
 
  Missbrauchsfälle in Luxemburg - Erzbischof Franck Entchuldigt Sich Im Namen Der Kirche

Input Aktuell
November 19, 2010

http://www.input-aktuell.de/mainframe.asp?n=2&newsid=30985

Luxemburg (boß) Die Erschütterung von Erzbischof Fernand Franck über die Missbrauchsfälle in Luxemburg ist deutlich aus seinem Hirtenbrief zu entnehmen, der am Wochenende in den Gottesdiensten seiner Diözese vorgelesen wurde.

19 Priester seien angeklagt worden, die Zeit der Buße und Bescheidenheit gekommen. „Mit tiefem Bedauern und großer Sorge fragen wir uns: Wie konnte es dazu kommen. Wie war das möglich?", so der Bischof in dem Schreiben, das wir hier im vollen Wortlaut auf Luxemburgisch wiedergeben:

Léif Matchrëschten,

Mir feieren haut, um leschte Sonndeg am Kierchejoer, d'Fest vu Christus dem Kinnek. Mä säi Räich ass net vun dëser Welt. Hien ass, wéi d'Evangelium vun haut et ënnersträicht, e gekräizegte Kinnek. Op hie kucke mir a mir gesinn an de Wonne vun deem Gekräizegten och all déi Wonnen, déi Kanner a jonke Mënsche vu kierchleche Vertrieder oder am Kader vun der Kierch duerch Gewalt a sexuelle Mëssbrauch zougefügt goufen – och heiheem, zu Lëtzebuerg.

Jo, mat der Verëffentlechung vum Schlussbericht vun der Kontaktstell fir Affer vu sexuellen oder physeschen Iwwergrëffer op Mannerjäreger am kierchlechen Ëmfeld ass e ganz däischtert Kapitel vun der Lëtzebuerger Kierchegeschicht opgeschloe ginn. Mir sinn erféiert a skandaliséiert iwwer déi Ukloen a Beschëllegungen, déi do un d'Dagesliicht kommen: Virfäll, déi zum Deel wäit an der Vergaangenheet zréckleien – déi allermeescht virun 1980 -, awer och en etlech Kloen, déi méi rezent sinn. Mat déiwem Bedaueren a grousser Suerg froe mir äis: Wéi konnt et duerzou kommen? Wéi war dat méiglech?

Eis Suerg gëllt un éischter Plaz den Affer. Hinne géintiwwer wëll ech eis déif Betraffenheet zum Ausdrock bréngen. Iwwert de physeschen oder psychesche Schued eraus, dee muncherengem zougefügt ginn ass, gouf hiert Vertrauen mëssbraucht an hir Dignitéit déif blesséiert. Dat si Wonnen, déi dacks e ganzt Liewe laang net ausheelen. Och wa mir dat, wat geschitt ass, net réckgängeg maache kënnen: Mir ëmfannen doriwwer Bestierzung a Schimmt; mir fille mat den Affer an deelen hiert Leed. Hinne gëllt eist déift Matgefill an och eis Hëllefsbereetschaft, souwäit si déi an Usproch huele wëllen.

Am Numm vun der Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, bieden ech si ëm Entschëllegung an drécke mäin déifste Bedaueren aus iwwer dat schwéiert Feelverhale vu Priister, Uerdensleit a vereenzelt och Laien am kierchlechen Ëmfeld. Et steet a flagrantem Widersproch zur Botschaft vu Christus an zu deem, wouzou d'Kierch beruff a verflicht ass.

Duerch eis Kontaktstell, an der Zesummenaarbecht mat engem Krees vu kompetente Fachleit a Beroder, déi hir zur Säit stoungen, war den Affer d'Méiglechkeet ginn, sech ze mellen a schmäerzhaft Erënnerungen offen auszespriechen, fir esou Hëllef ze fannen, fir hir Verletzungen opzeschaffen. Wat d'Responsabilitéit vun de Beschëllegten ugeet, wëll ech ganz kloer betounen, datt all déi Fäll, wou Uschëllegungen ausgesprach goufen, direkt an ouni Virbehalt un d'Staatsanwaltschaft weidergeleet gi sinn. Och déi néideg kiercherechtlech Schrëtt sinn ageleet ginn.

Mä domat ass et net gedoen. Et muss elo alles an d'Wee geleed ginn, fir datt sech bei äis kee Virfall widerhëllt. Mir mussen alles drusetzen, fir dat ze verhidden. Duerzou gehéiert net zulescht eng verstäerkt Präventioun an der Auswiel an an der Formatioun vun de Kandidate fir d'Priistertum, awer och eng méi intensiv mënschlech a spirituell Begleedung vun de Priister an allen, Fraen a Männer, déi am pastoralen Déngscht stinn.

Ënnert deene 35, déi beschëllegt goufen, sech u Kanner oder jonke Leit sexuell vergaangen ze hunn, sinn 19 Priister aus eisem Diözesanklerus ugeklot ginn. Dat sinn der 19 zevill, well all Fall ass en Drama an e Verbriechen. Dat dierf op kee Fall verharmlost ginn. Trotzdem muss et, wa mir eng Pauschalverurteelung vermeide wëllen, erlaabt sinn, déi Zuel, déi sech op eng Zäit vun 80 Joer bezéit, a Relatioun ze setzen zu deenen zirka 1.000 Diözesanpriister, déi an deem Zäitraum zu Lëtzebuerg gewierkt hunn. Vun dohier gëtt et kee Grond fir e Generalverdacht, wuel awer Grond genuch, där immenser Majoritéit vu Matbridder merci ze soen, déi trei waren.

Meng Unerkennung a mäi grousse Merci gëllt natiirlech och der Kontaktstell, de Coordinateuren, dem Leedungsteam an allen Experten. Si hunn eng grouss Disponibiltéit gewisen an eng enorm Aarbecht geleescht.

Wéi am Ausland ass och bei äis e langjäregen Tabu gebrach ginn. Dat war befreiend fir d'Affer, mä leschtlech och fir d'Kierch. D'Kierch ass elo an enger Situatioun, déi se virdrun net kannt huet. Si huet u Glafwierdegkeet verluer a vill Vertrauen agebéisst, an dat och ënnerkierchlech. Si kann dofir elo net einfach zur Dagesuerdnung iwwergoen. Ugesot ass, wéi de Poopst Benedikt XVI. et ënnersträicht (Interview am Avion fir Groussbritannien, 16.09.2010), eng Zäit vu Bouss a Bescheidenheet, an där mir eng absolutt Opriichtegkeet erëmfanne resp. nei léiere mussen.

Et ass dat fir äis all en immensen Défi, deen awer ewéi all Kris zu enger Rengegung féiere kann. D'Kierch muss sech nei op hir Missioun besënnen, si muss sech nei op hir eigentlech Mëtt, op Jesus Christus, zoubewegen a vun him aus nei opbriechen, an der Kraaft vum Hellege Geescht, deen hir fir all Zäiten zougesot ass.

Dobäi dierfe mir äis, trotz deene schrecklechen Iwwergrëffer, och op all dat Gutt a Positivt stäipen, dat et an der Vergaangenheet an eiser Kierch ginn huet an och haut nach gëtt: vill Generositéit, Dévouement an Hëllefsbereetschaft. De Matbridder am priisterlechen Déngscht, de Mataarbechterinnen a Mataarbechter am kierchlechen Déngscht, den engagéierte Laien an alle Matchrëschte wëll ech dofir Merci soen a si opruffen: Loosse mir weider zesummestoen an zesummeschaffen zur Éier vum Herrgott an zum Wuel vun de Mënschen!

Esou wëlle mir äis weiderhin um Evangelium orientéieren a bescheiden, awer konsequent, alles drusetzen, fir eng offe Kierch fir all Mënschen ze sinn.

Dat geet nëmmen, wa mir ëmmer méi zu enger Kierch ginn, déi biet a sech um Wuert vun der Helleger Schrëft orientéiert, eng Kierch, déi lauschtert op d'Mënschen a sech vun den Zeeche vun der Zäit erausfuerdere léisst, fir esou erëm méi glafwierdeg a mënschefrëndlech ze ginn. Nëmmen dann kann se zu enger dialogescher, gemeinschaftlecher a geschwësterlecher Kierch ginn: enger Kierch, an déi d'Mënsche Vertrauen hunn, wou d'Dignitéit vu jidferengem, och deem Klengste, respektéiert gëtt a wou Kanner a Jonker gutt opgehuewen sinn.

Dëst Uleies leeën ech an d'Hänn vun eiser Patréinesch, der Tréischterin am Leed. Si soll äis duerch dës däischter Stonnen an d'Liicht féieren.

 
 

Any original material on these pages is copyright © BishopAccountability.org 2004. Reproduce freely with attribution.